Archive for juillet, 2009

Lëtzbuerger Astronomie-Dag

Samsdeg, 26.09.09 vun 16.00 Auer un, zu Lëlz (Lultzhausen) bei an an der Sportshal

Atelieren, Manipulationen, Experimenter, Planetariumsshowen fir Kanner, Jonker an och Erwuessener.
Bauen vu klengen Teleskopen a Sonnenaueren, bastelen vu Stärekaarten, asw. Erklärungen iwwert Himmel an Himmelskierper.

Teleskop-Atelier: Wéi stellen ech a riichten ech mäi perséinlechen Teleskop op, fir domadder kënnen flott an interessant Sachen ze beobachten?

Alles fir Spaass un der Astronomie ze hunn a villes bäizeléieren.

um 20.00 Auer: Eng Astronomieshow iwwert d’Sonnesystem, eis Mellechstrooss an den Universum.

vun 21.00 Auer un (bei guddem Wieder): Observatioun vum Stärenhimmel, vu Planéiten, Galaxien, Stärekéip an Niwelen mam bloussen Aan, mat Spektiven an Teleskopen bei ausgeschalteter Stroossebeliichtung.

Prochaines manifestations